Jean Back : “Iesel”

Eng Geschicht iwwert eng aussergewéinlech Relatioun tëscht engem Broker an engem Iesel

| Cercle 15/05/2018 | 18:30

Entrée libre.Réservation par téléphone ou bien par mail dans la limite des places disponibles.Merci de téléphoner au 4796-2732 ou d'envoyer un email: bibliotheque@vdl.luLecture en langue luxembourgeoise.Accompagnement musical par Maurizio Spiridigliozzi au bandonéon.

Jean Back

1953 gebuer, huet sech scho fréi mat der Fotografie, mam Zeechnen an och mam Film beschäftegt. No de Joren am Escher Jongelycée huet en am Familljeministère geschafft, ass 1985 an de Kulturministère gewiesselt, wou e matgehollef huet den Centre national de l’audiovisuel (CNA) an d’Liewen ze ruffen, deem e bis Februar 2016 als Direkter virstoung.

Iesel

D’Erzielung Iesel ass e pechschwaarzt Bild iwwert d’Verréiung an der Gesellschaft. Gläichzäiteg probéiert s’och déi al Thees vum tockskäppegen Iesel als en dommt Déier ze widderleeën.

De Broker Till lieft mat senger Fra Lucie an de Kanner Mireille an Tom an enger restauréierter Millen, déi mëtten an enger houfreger Wunngéigend läit. Fir de Kanner eng Freed ze maachen, keeft en hinnen en Iesel. Dobäi erfëllt d’Déier d’Funktioun vun der Méimaschinn grad ewéi vun der Dekoratioun vun der Proprietéit – Et ass eng Investitioun an d'Haus. Alles schéngt perfekt, d’Famill, de Beruff, mee op engem gewéinlech Dag geschitt eppes Onerwaartes.
Musikalesch Begleedung: Maurizio Spiridigliozzi um Bandoneon.

http://www.editionsguybinsfeld.lu/book/iesel


Contact

Prix

  • Entrée gratuite