Jean-Marc Lantz : “Magnetosaurus Nostalgadon”

11/02/2020 | 18:30
  • Entrée ass fräi
  • Platzen sinn limitéiert, dofir ass d’Reservatioun iwwer Telefon: 4796-2732 oder Email : bibliotheque@vdl.lu erwënscht.
  • Virtrag op lëtzebuergesch.
  • Auditorium Henri Beck (Cercle: 2, rue Genistre; 5. Stack).

Iwwer den Auteur :

De Jean-Marc Lantz gouf 1964 zu Lëtzebuerg gebuer. Hien huet Englesch studéiert a lieft a schafft am Süde vum Land. “Magnetosaurus Nostalgodon” ass säin éischte Roman.

“Magnetosaurus nostalgodon”

E Coming-of-Age-Roman voller Komik, Tragik an Nostalgie.
Firwat schumme sech sou vill Lëtzebuerger fir hir Jugend, soubal si de Lycée hannert sech hunn? Dann ass alles op eng Kéier „kannereg“ gewiescht. Mee war et dat wierklech?
De Joé wiisst an de 70er an 80er Joren an der Minettsgéigend op. Hien ass an enger ganz cooler Band, seng Elteren hunn de Krich nach an de Schanken an him ass d‘Land ze kleng. Wéi d‘Beth a säi Liewe kënnt, ännert sech alles.
“Magnetosaurus Nostalgodon” erzielt vun engem, dee versicht, grouss ze ginn, ouni seng Kandheet ze mëssen.
http://www.capybarabooks.com/buecher/literatur/magnetosaurus-nostalgodon.html


Organisateur

  • Cité Bibliothèque

Contact