Jhemp Hoscheit : “Wootleche Krich”

05/02/2019 | 18:30
  • Entrée libre.
  • Merci de téléphoner au 4796-2732 ou d’envoyer un email: bibliotheque@vdl.lu
  • Lecture en langue luxembourgeoise.
  • Accompagnement musical au violon électrique par Chris Reitz.

Wootleche Krich
Roman

Mir sinn am Joer 1965, d’Zäit vum Kale Krich, iwwerall geet rieds vun der Rouder Gefor. Eng Clique Jugendlecher mécht sech an hirem Quartier op d’Sich nom Roude Jojo, enger Persoun, déi eng Gefor fir e klengt Meedchen duerstellt. E puer Massendénger musse sech virun enger Persoun, déi dem Herrgott dénge soll, an Uecht huelen. An da ginn och nach Dreebréiwer verschéckt. E Schoulmeeschter plot wéinst engem geheimen Optrag dat schlecht Gewëssen. Eng Mamm beschäftegt sech mam Absurden – an e Geheimagent lauschtert Telefonsgespréicher mat.
Zu Esch schéngt e grousst Sichen ausgebrach ze sinn: nom Gléck, no der Wourecht …
De Jhemp Hoscheit verbënnt eegen Erfahrunge mat fiktionalen Elementer a schaaft esou eng Atmosphär, déi Hiresgläiche sicht. Den Zäitgeescht aus de siechzeger Joren ass wéi eng Momentopnam agefaangen an den Auteur erzielt, ganz no bei senge Personnagen, wéi d’Liewen an d’Mentalitéit an der Minettsgéigend deemools waren, an dat am Kontext vu gewerkschaftlechen a politesche Spannungen.
An dësem Gesellschaftsroman gi verschidden Erzielsträng aneneen iwwer, verbanne sech zu enger komplexer Geschicht a ginn zum Schluss lues a lues entschlësselt.


Organisateur

  • Cité Bibliothèque

Contact

  • Web : http://www.bimu.lu/