Jos Kayser : “De Mann, deen ëmmer laacht”

24/09/2019 | 18:30
  • Entrée ass fräi.
  • Auditorium Henri Beck (Cercle: 2, rue Genistre; 5. Stack)
  • Platzen sinn limitéiert, dofir ass d’Reservatioun iwwer Telefon: 4796-2732 oder Email: bibliotheque@vdl.lu, erwënscht.
  • Virtrag a Lëtzebuerger Sprooch.

De Joseph Kayser ass 1964 zu Izeg op d’Welt komm, wou en och seng Kandheet an Jugend verbruecht huet. Als fräie Mataarbechter huet hien donoo fir d’Lëtzebuerger Press geschriwwen a fotograféiert. A sengem Beruff als Elektriker huet en nëmmen e puer Méint geschafft, 1984 huet e bei RTL ugefaangen. Am Mediebetrib ass en no enger Zäit och als Concepteur/Rédacteur vu Publicitéiten zum Assatz komm an ass nach haut als Radio-Stëmm fir Reklamme gefrot. Während där Zäit huet hien och d’Dréibuch “Äiskaal” geschriwwen.

De Mann, deen ëmmer laacht.
Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass?
Genen, Erzéiung, den Afloss vun de Matmënschen?
Beim Clement S. ass et dat alles. An ufangs och bestëmmt den Drang, géint verschidden Zwäng ze kämpfen. Seng Pedanterie an säin Haass, seng Onfäegkeet, Empathie ze empfannen an seng eegen Opfaassung vu Gerechtegkeet maachen, dass hien sech ëmmer méi isoléiert. Hie gëtt net eens mat Fraen, ze ville Mënschen an enke Raim a Leit, déi anescht sinn ewéi hien. De System awer weess sech ze wieren an auszesënneren, wat net gutt ass fir den eegene Betrib. Da fällt den éischte Schnéi …
No „Prinzessin Charlotte“ an „D‘Bomi ass dout“ – Éditions Schortgen, spuert den Auteur Joseph Kayser och an dësem Buch net mat Kritik un Deeler vun eiser Gesellschaft. Dee bürokratesche Milieu, deen am Buch beschriwwe gëtt, weess sech selwer ze erhalen a sënnert déi Elementer aus, déi em schuede kéinten. Mee bis et esou wäit ass, ginn nach méiglechst vill Leit gepisakt a schikanéiert.

http://www.editions-schortgen.lu/Fr/Catalogue/Detail.asp?Id=300
 


Organisateur

  • Cité Bibliothèque

Contact