Théâtre
D'Yannchen Hoffmann an de Carlo Hartmann presentéieren den 23. September 2018 am Stater Cercle dat éischt Theaterstéck, wat a Lëtzebuerger Sprooch geschriwwe gouf:
D'Operett vum Dicks
DE SCHOLDSCHÄIN (1855)
Desweidere spille mat d'Stéphanie Schlink als "Marréi" an den Al Ginter als de "Schuechteg-botzer".
Musikalesch Begleedung mat der ganz grousser 69-ger Wittmann Dréiuergel, déi 2015 extra fir esou Produktiounen zu Wien gebaut gouf.
Net nëmmen, dass de SCHOLDSCHÄIN dem Dicks säi lëschtegst Koméidisstéck ass (mat Evergreens wéi: Dee freie geet sief gutt gekleet, Gëff mer eng Bees, O du mäin am Kamäin....), mee wéi der et bei Hartmann & Hoffmann gewinnt sidd, mat schéine Kostümer an opulentem Bühnebild.
Dësen Event steet ënnert dem Label vum « Année européenne du patrimoine culturel 2018 ».
Inscription à la newsletter