Conférences
Ob een u Kleeschen a Chrëschtkëndche gleeft oder net, déi friddlech Messagen a schéi Melodië vun de Lidder wierken an der wanterlecher Joreszäit. De Georges Urwald (Museker, Museksprofesser, Prof.-dét. am Cedom /BNL) reest duerch d’Lëtzebuerger Lidderlandschaft, presentéiert d‘Auteuren a reflektéiert d’Texter an d’Musek an hirem Kontext an an hirer Zäit: vum Chrëschtlidd, geschriwwen am Exil bis zum Kleesercherslidd, vertount fir d’Danzpist. D’Lidder ginn ugestëmmt vun der Sängerin Deborah Marinkovic.
Auditorium Cité, 3 rue Genistres L-1623 Luxembourg
Inscription à la newsletter